Firwat ech den 8.Oktober fir d’Gemengewahlen zu Esch kandidéieren

Eng aner Stad ass méiglech!

Den Charakter vun der Stad Esch an hiren BewunnerInnen huet mech vun Ufank un faszinéiert. Esch war an ass eng Plaz wou sech nei Ideen an alternativt Denken konnten entfalen.Ob engem politeschen Plang weist sech dësen besonneschen Charakter bei den 3 eenzegen Referenden déi an den leschten 100 Joer zu Lëtzebuerg stattfonnt hun:
– Den 28.September 1919 stemmen 57% vun den Escher AwunnerInnen fir d’Republik während insgesamt nëmmen 19,6 % géint d’Monarchie waren déi sech am 1.Weltkrich winnt hirer Proximitéit zum däitschem Kaiser diskreditéiert hat. Schon am Januar/Februar 1919 gouf zu Esch d’Republik proklaméiert däi vun franséischen an amerikaneschen Truppen niddergeschloen gouf.
– Den 6.Juni 1936 stemmen ronn 70% géint dem Joseph Bech säin Maulkuerfgesetz während fir ganz Lëtzebuerg 50,67 Neestëmmen gezielt ginn.Déi anti-faschistesch Grondastellung vun engem breeden Deel vun der Escher Populatioun weist sech och beim Streik géint d’Nazien vum 31.August 1942.
– Den 10.Juni 2005 huet Esch mat 53,24 % géint den neoliberalen an militaristeschen „europäeschen Verfassungsvertrag“ gestemmt während deen Text mat 56,52% Jostëmmen vun der gesamter Wielerschaft ugeholl gëtt.

Den Bléck an d’Vergaangenheet schéngt mer wichteg fir ze wëssen wat een haut an muer maachen kann ouni dobäi ëmmer erëm déi selwecht Feeler ze maachen. Dobäi ass den Motto vun den fräien Gewerkschaften LIBERTE, PAIN, PAIX nach ëmmer top aktuell.Léit wei den Hans Adam

Henri_Adam,_héros_de_la_grève_de_1942

– deen als fräiheetlechen Sozialist ob der Schmelz Esch- Schëffleng den Generalstreik fum 31 August 1942 declenchéiert -, den Jean Schaack-Wirth (1) – fräiheetlech-sozialisteschen Gemengerot zu Esch an den 20er Joren an Editeur vun der Zeitung „der arme Teufel“ – oder den Resistenzler an fréieren Escher Buergermeeschter Arthur Useldinger

Arthur Useldinger sinn zwar haut an breeden Deeler vun der Gesellschaft an den Vergiess geroden, weisen awer wei kämpferesch an entschloss zu Esch fir Fräiheet an sozialen Fortschrëtt gekämpft gouf. Der_arme_Teufel_Logo.jpg

Dësen rebelleschen jo heiansdo revolutionären Charakter vun breeden Deeler vun der Escher Populatioun an hiren Virkämpfer sinn fir mech eng Inspiratiounsquell fir déi haiteg Problemer richteg unzepaken.

D’staats-kapitalistesch Kris bréngt net nëmmen sozial an ökologesch Zerstéierung mat sech mais feiert – parallel zum Ofbau vum Sozialstaat an Verbrauch vun eisen natierlechen Ressourcen – och zum Opbau vun engem autoritär-präventiven Iwwerwaachungs-an Kontrollstaat.Och hautzedaags sinn eis individuell Grond- an Fräiheetsrechter massiv vun Feinden vun der Fräiheet bedreet an eisen Dateschutz an eis Privatsphär a Fro gestallt.D’Bedürfnis terroristesch Extremismusgeforen ënner Kontroll ze brengen däerf net an een staatlechen Kontroll-Extremismus ëmschloen well sech den Rechtsstaat soss zu Doud schützt.Als Member vum Chaos Computer Club versichen ech een bescheidenen Beitrag ze leeschten fir d’Grond-an Fräiheetsrechter ze verdeedegen.Ob lokalem Plang heescht dat zb géint d’total Kontroll vum ëffentlechen Raum duerch Videoiwwerwaachung ze sinn, sech fir den fräien Choix beim Smart-Metering anzesetzen oder géint een totalen Laissez-faire beim Drohnenbedreiwen anzetrieden.Net alles wat haut schon technesch méiglech ass däerf an enger Stad agesat ginn wann den Dateschutz an eis Privatsphär net ënnert d’Rieder kommen sollen.Fir dem dominanten „Law & order“-Diskurs eng alternativ Siichtweis entgéintzestellen hun ech un der Ausaarbechtung vun engem alternativen Sécherheetskonzept fir Esch matgeschafft wat een hei noliesen kann.Wei wier et dann wann mer zu Esch Stroossen nom Snowden an Manning benennen géifen?

Och d’Militariséierung an gescheitert Militärasätz wei an Afghanistan an Libyen hun nierwend mei Chaos an Gewalt och zu mei Oprëschtung gefouert. Déi sozial an geopolitesch Ursaachen vum Terror réckelen an den Hannergrond. Eng fatal Entwécklung déi mer nëmmen duerch eng mei kooperativ an friddlech Approche an den Greff kréien. peace tankkSäit Joren engagéieren ech mech dowéinst an der Friddensinitiativ asbl.Ob lokalem Plang konnten mer schon e puer Mol d’Friddensvelosfuerer vun „Bike for peace and new energies“ zu Esch wëllkomm heeschen.

Als Member vun der kommunaler Emwelt-an Energiekommissioun hun ech säit 6 Joer versicht ob dem ökologeschen Plang aktiv ze  och wann ech soen muss dat säit dem Ofgang fum öko-sozialisteschen Jean „Muck“ Huss déi ufänglech Dynamik längst verpufft ass an des wichteg Kommissioun vun den lokalen Gréngen déi se presidéieren staark vernoléissegt gëtt.Wann een bedenkt dat zb nëmmen 1% vun der Energie déi mer zu Esch konsuméieren aus lokaler an regenerativer Quell staamt gesäit een deen Wee deen fir un eis leit fir aus Esch eng Bioenergiestad ze maachen.

Den gréngen Charakter vun Esch deen fill zu der Liewensqualitéit bäidréit gëllt et géint den onersättlechen Flächeverbrauch vum produktivisteschen Wirtschaftsmodell ze verdeedegen. Hei eng ganz Rëtsch vun Virschléi an konkreten Projeten fir Esch zu enger klimafrëndlecher an energieautarker Bioenergiestad ze maachen.Wind alternative energy generator green vector background

Och mat der Demokratie ass et schlecht bestallt. Basisdemokratescht Matentscheeden,Dynamiséierung vum Quartier an Projeten wei den Biirgerhaushalt kéinten eng aner Richtung ustoussen an erëm zu mei Zesummenhalt an Solidaritéit tëscht ALLEN AwunnerInnen feieren amplaz vun sozialer Spaltung an Gentrifizéierung.

soziale stadt

Den multi-kulturellen Charakter vun der Stad Esch ass eng riseg Chance déi et ze notzen gëllt. Et geet drem dat endlech een richtegen inter-kulturellen Dialog statt fënnt.Mir missten dem Geschäft mat der Angscht eng Offensiv vun der Hoffnung entgéintsetzen.An dobäi ass grad den Gemengenniveau entscheedend an dei bescht Plaz wou Alternativen kennen ëmgesat gin.Ech hoffen mat menger Kandidatur dozou bäizedroen dat et zu engem säit  laangem iwwerfällegen Wiessel ob kommunalem Niveau kënnt.

Deemno: Bis geschwënn an Esch!

(1): Méi zum Jean Schaack-Wirth an der Geschicht fun den fraiheetlichen SozialistInnen zu Luxemburg an: Norbert Franz/Thorsten Fuchshuber/Sonja Kmec/Jean-Paul Lehners/Renée Wagener (Hrsg.), Identitätsbildung und Partizipation im 19. und 20. Jahrhundert. Luxemburg im europäischen Kontext, Frankfurt am Main, Peter Lang, 2016 (Luxemburg-Studien/Etudes luxembourgeoises), Krier Frédéric, « Anarchisme(s) au Luxembourg dans l’entre-deux-guerres. Contre le fascisme, le communisme… et la démocratie parlementaire » S.277-291

 

Publicités

Répondre

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l'aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Google

Vous commentez à l'aide de votre compte Google. Déconnexion /  Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l'aide de votre compte Twitter. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l'aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s